Radioen

On air

Notturno  |  Lemon City Trio - Dunes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verdächtege vum Massaker zu Lewiston gëtt nach ëmmer gesicht

USA

Verdächtege vum Massaker zu Lewiston gëtt nach ëmmer gesicht

An den USA gëtt nach ëmmer nom 40 Joer ale Robert Card gesicht, deen am Bundesstaat Maine zu Lewiston 18 Mënsche soll erschoss hunn. Him gëtt virgeworf an engem Bowling an an engem Restaurant op d‘Leit geschoss ze hunn.

auto_stories

1 min

De Mann war Reservist vun der Arméi an hätt vill Erfarung mat Waffen. D‘Populatioun gouf dozou opgeruff sech doheem opzehalen. D‘Schoulen an d‘Geschäfter goufen och zougemaach.

De Massaker huet op en neits d‘Diskussioun opgeworf vun de Waffen, déi een an Amerika ganz einfach ka kafen.

Zanter Januar sinn an den USA 15.000 Mënschen an enger Schéisserei gestuerwen.