arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verdächteg Virementen: Parquet freet am Appell Erhéijung vu Geldstrof fir Nottär

Justiz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Verdächteg Virementen: Parquet freet am Appell Erhéijung vu Geldstrof fir Nottär

Am Prozess wéinst verdächtege Virementen huet de Parquet an der Cour d'appel eng Erhéijung vun der Geldstrof fir d'Nottär gefuerdert. Am Februar zejoert gouf si an där Affär ëm Immobilien an Investisseuren aus Aserbaidschan verurteelt, well si hire berufflechen Obligatiounen net nokoum. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

D’Faiten an dëser Affär goungen op den Zäitraum Abrëll 2017 bis Mäerz 2019 zeréck. D’Nottär hätt, wéi et am éischten Urteel geheescht huet, net déi néideg Mesuren ergraff fir en eventuelle Blanchiment ze identifizéieren. An där Zäit waren ënner anerem Virementen an Héicht vun zesumme bal 1,95 Milliounen Euro iwwer hire Kont gelaf, fir de Kaf vu Quote-parten an engem Gebai, dat ze baue war.

Fir de Vertrieder vum Parquet général war dat éischt Urteel am grousse Ganze richteg. D'Faite wieren och net kontestéiert, mee hien an d’Affekotin vun der Nottär hätten eng aner Aschätzung dovun. Am Géigesaz zur Meenung vun der Me Lydie Lorang wieren déi entspriechend Texter net esou onprezis, datt Professioneller domat eleng gelooss wieren.

Éischt Geldstrof net ofschreckend genuch

D’Karine Reuter hätt hir Obligatiounen net erfëllt. Zum Beispill hätt si d’Clienten, déi bei hir waren, kënne froen, wou hir Suen hierkéimen. Dat hätt si awer net gemaach. Ënner dem Stréch géif d’Strof aus éischter Instanz net duergoen, well se net ofschreckend genuch wier. Dofir géif de Vertrieder vum Parquet général eng Geldstrof vun 200.000 Euro froen amplaz vun 100.000 Euro.

Dogéint huet der Nottär hir Affekotin fonnt, datt d’Obligatiounen an den entspriechenden Texter vag wiere fir déi Professionell. Déi misste mat der Hand geholl ginn, well si soss eeben eng Strof riskéiere géifen. D’Karine Reuter, déi iwwregens fir hiren Appellprozess net present war, hätt am Zesummenhank mat de betraffene Verkafsakten Iwwerpréiwunge gemaach, esou d’Me Lydie Lorang. Wat hätt si nach méi kënne maachen, huet d’Affekotin gefrot. Well hir Cliente keng Zweifelen hat a keng hätt missen hunn, sollt si fräigesprach ginn.

Urteel an zweeter Affär gouf confirméiert

E Méindeg scho war an enger zweeter Affär d’Confirmatioun vun enger Geldstrof vun 20.000 Euro fir d’Nottär gefrot ginn: Och hei wier d’Karine Reuter hire berufflechen Obligatiounen net nokomm. An där Affär goung et ëm eng verdächteg Immobilievente, am Januar/Februar 2021, bei där de Proprietär iwwer d’Ouer gehae gouf.

A béiden Affären ass d'Urteel fir den 22. Abrëll.

 

play_arrow Lauschteren