search

/ Verdächteg Immobilievente: Eng Nottär an zwou Affären op der Cour d'Appel

Justiz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Verdächteg Immobilievente: Eng Nottär an zwou Affären op der Cour d'Appel

Haut, Méindeg, an e Mëttwoch muss sech d'Nottär Karine Reuter an zwou Affären op der Cour d'appel an der Stad veräntweren. Am Februar zejoert war si bannent enger Woch an dësen Affären, an deenen et zweemol ëm Immobilientransaktioune goung, zu am Ganzen 120.000 Euro Geldstrof verurteelt ginn. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Dat ënner anerem well si hire berufflechen Obligatiounen net nokomm wier.

D’Karine Reuter, déi jo ënner anerem nach Presidentin vun der Lëtzebuerger Fussball-Liga LFL ass, hat géint dës Urteeler aus éischter Instanz Appell gemaach.

Abus de faiblesse erliichtert

An där enger Affär, an där si net eleng ugeklot ass, mee mat zwou anere Persounen zesummen, hat sech d’Geldstrof fir d’Nottär op 20.000 Euro belaf. Dat well si hir Verflichtungen, wat d’Lutte géint d’Wäisswäsche vu Suen ugeet, net erfëllt an en Abus de faiblesse erliichtert hätt.

An deem Fall goung et ëm eng verdächteg Immobilievente, am Januar/Februar 2021, bei där de Proprietär iwwer d’Ouer gehae gouf.

Déi zwee Matugekloten haten dowéinst alle béid zwee an en halleft Joer Prisong mat Sursis kritt an eng Geldstrof vu 5.000 Euro. D’Affer war ënner anerem dement an hat e Verkafskontrakt vun 200.000 Euro fir säin Haus am Neiduerf virgeluecht kritt. Dat war awer op d’mannst 828.000 Euro wäert. D’Karine Reuter hat déi vulnerabel Persoun an engem Schreiwes opgefuerdert, den entspriechenden Akt ënnerschreiwen ze kommen.

Perquisitioun an der Etüd 2019

An där zweeter Affär war d’Geldstrof fir d’Nottär, déi hei eleng beschëllegt ass, mat 100.000 Euro méi héich. Och hei goung et ëm Immobilien, mat dës Kéier Investisseuren aus Aserbaidschan. 

D’Faite goungen op den Zäitraum Abrëll 2017 bis Mäerz 2019 zeréck. Och an dëser Affär hätt d’Karine Reuter net déi néideg Mesuren ergraff, fir en eventuelle Blanchiment ze identifizéieren. Ënner anerem waren an där Zäit Virementen an Héicht vun zesumme bal 1,95 Milliounen Euro iwwer hire Kont gelaf, fir de Kaf vu Quote-parten an engem Gebai, dat ze baue war.

Am Mäerz 2019 koum et zu enger Perquisitioun an der Etüd vun der Nottär. Zwee Méint drop sot d’Karine Reuter der Police géintiwwer aus, datt si keng Zweiwele gehat hätt, wat dës an aner Transaktiounen ugoung.

 

play_arrow Lauschteren