Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Shore Leave

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Véierten Hëllefskonvoi ass an der Gazasträif ukomm

Humanitär Hëllef

Véierten Hëllefskonvoi ass an der Gazasträif ukomm

Am Gazasträif ass dee véierte Konvoi mat Hëllefsgidder ukomm. Dem ägyptesche Rouden Hallefmound no goufen ënnert anerem Medikamenter, Puddermëllech fir Bëbeeën an Drénkwaasser iwwert d‘Grenz bruecht.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Amr Adel
(Foto: picture alliance/dpa | Amr Adel)

Am Gazasträif hat d‘Hëllefswierk vun de Vereenten Natioune fir palestinensesch Flüchtlingen iwwert eng hallef Millioun Mënschen opgeholl. Dat wieren der véier Mol sou vill wéi Plaz wier. Vill Mënsche missten op der Strooss schlofen.

Israel huet d‘Bewunner am Norde vub der Gazasträif opgefuerdert, an de Süden ze goe fir sech a Sécherheet ze bréngen. Grond si Géigenattacken op d‘Terrororganisatioun Hamas am Norden. Dem Gesondheetsministère vun der Hamas no sinn zënter dem Ufank vum Krich 6.546 Mënsche gestuerwen. Dës Zuele kënnen net iwwerpréift ginn.