De Krich gouf ausgeléist duerch Attacke vun der Hamas op Israel, bei deenen 1.200 Leit ermort goufen.
Déi israeelesch Arméi hätt entretemps déi militäresch Struktur vun der Hamas am Norde vun der Gazasträif demontéiert. Dat huet déi israeelesch Arméi hënt op X matgedeelt. 14.000 Terroriste wieren doutgemaach ginn. Déi israeelesch Arméi huet och matgedeelt, sech elo an hirer Offensiv méi op de Süde vun der Gazasträif ze konzentréieren.
Hënt sinn och Loftattacken op d‘Westjordanland geflunn. Dobäi wiere sechs Palästinenser ëm d‘Liewe komm, mellt déi palästinensesch Gesondheetsautoritéit.
Haut gëtt den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken erëm an der Regioun erwaart. Gëschter war hien a Griicheland, an huet do drop gepocht, datt alles muss gemaach ginn, datt de Krich am Noen Osten sech net ausweit.