De Marc Ries seet am 100,7-Interview, et wier schwéier déi richteg Wieder ze fannen. Et wier e Wee vun der Verwüüstung, dee sech duerch d'Schoul zéie géif.
"Dat fänkt um Rez-de-Chaussée un an zitt sech dann iwwert den ieweschte Stack. Insgesamt néng Klassesäll sinn do betraff, wou mat enger krimineller Energie, mat puerer Loscht op Zerstéierung, fir de Schued ze maximiséieren, ass do mat all méigleche Moyene sinn do all informatesch Materialien zerstéiert ginn, haaptsächlech och d'Pulter vun den Enseignante sinn zerstéiert ginn, eis digital Tafele sinn alleguerten zerstéiert ginn. Also et ass mat enger Gewalt a mat enger Loscht, fir Schued ze maachen, ass do agéiert ginn. Ech hunn esou eppes a mengem Liewen nach net gesinn."
D’Servicer vun der Gemeng wieren elo amgaangen opzeraumen, an et wier ee gudder Déng, datt d’Schoul hir Dieren e Méindeg wéi gewinnt kann opmaachen, esou de Marc Ries.
Net den éischte Fall vu Vandalismus an der Gemeng
Dem Buergermeeschter mécht dat Ganzt Suergen. Eréischt an der Woch virdru waren zu Rued-Sir zwou ëffentlech Toiletten zerstéiert ginn.
Zwar wier de Site vun der Schoul Video iwwerwaacht, mee offenbar hätten d’Täter gewosst, wou d’Kameraen hänken, mengt de Marc Ries. Si wieren nämlech op kenger ze gesinn.
Awunner, déi eppes Verdächteges observéiert hunn, rifft d’Gemeng dozou op, sech bei der Police ze mellen.