Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Dana Gavanski - Let Them Row

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Urteel vum Verwaltungsgeriicht bereet der CMCM keng Suergen

Verwaltungsrot

Urteel vum Verwaltungsgeriicht bereet der CMCM keng Suergen

Bei der CMCM mécht ee sech net all ze vill Suergen iwwer d‘Urteel vum Verwaltungsgeriicht. Dat hat den 9. August den Agrement vun der CMCM duerch de Sozialministère annuléiert. Elo stellt sech d'Fro, wéi CMCM a Sozialministère wäerte reagéieren.

auto_stories

2 min

CMCM | © D-Company

Et waren déi privat Assurancegesellschaften, déi geklot haten. D‘Konkurrenz vun der CMCM wier deloyal, well se net déi selwecht Obligatiounen hätten, wéi de Privatsecteur.

Vum selwe konform gesat

D‘Mutuelle, déi per Gesetz kee Benefice däerf maachen, géif vun hirem spezielle Status profitéieren, an dat an engem Marché mat ganz héijem Volume. D‘Riichtere koumen och zum Schluss, datt d‘CMCM déi gesetzlech Oplagen net komplett géif erfëllen. Sou géifen zum Beispill d‘Leeschtungen net parallel zu den disponibele Ressourcë variéieren. 

Vu Säite vum Verband vun den Assureuren ACA huet et nom Urteel geheescht, datt dëst grav Konsequenze fir d‘CMCM wäert hunn. Dat gesäit de Gilbert Goergen, President vum CMCM-Verwaltungsrot, allerdéngs anescht.

"Mir hunn awer du rektifizéiert an dat schonn 2022. Do hu mir am Juli eng Rektifikatioun vum Statut vun der CMCM gemaach, wou mir dee Punkt och kloer gestallt hunn an dat och esou scho souwisou verbessert ginn ass."

D’Urteel géing sech awer op de Statut vu virdrun baséieren, wou dat nach net dra gestanen hätt, esou de Gilbert Goergen. 

"Dofir ass dat Urteel elo dee Moment esou gesprach ginn, wéi et elo ass. An Tëschenzäit huet sech d’CMCM vum selwe scho konform gesat, dat heescht fir mech, et sinn elo 40 Deeg Zäit fir drop ze reagéieren. Do ginn et verschidde Mesuren, déi ee ka maachen."

40 Deeg Zäit

D‘Statute vun der CMCM wieren deemno komplett mam Gesetz am Accord. A well domadder engem Agrement näischt am Wee géing stoen, géif et och eng einfach Léisung ginn.

"Ech géif mengen, dat wier deen einfachste Wee, dat mir den Agrement einfach nei ufroen, an da misst dat jo lo kloer sinn. Et ass jo just deen ee Punkt, deen zeréckbehale ginn ass vum Geriicht."

Fir de Gilbert Goergen wier elo de Sozialministère gefrot, mat deem een an enkem Kontakt wier. 40 Deeg bleiwen deemno fir ze préiwen, wéi ee Wee ee wéilt goen: Entweder d‘Ufechte vum Urteel aus éischter Instanz, oder d‘Erneiere vum Agrement.

Aktualitéit
National