Dofir mussen elo Riichter decidéieren, wéi staark d’Dokteschtariffer ugepasst ginn.
D’AMMD hat 2,68 Prozent gefuerdert, d’CNS war awer just bereet bis zu 1,3 Prozent matzegoen. Viru Geriicht huet d’AMMD sech um Donneschdegmoie kämpferesch gewisen an direkt de ganze System a Fro gestallt.
Rieds war vun engem Zitat- "Schlamassel". All zwee Joer op en neits d’Dokteschtariffer ze negociéiere wier net gutt an och den obligatoresche Conventionnement huet de Me François Prum, den Affekot vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, a Fro gestallt.
Affekot vun der AMMD net glécklech doriwwer, datt Riichter elo entscheeden
Datt elo d’Decisioun iwwer de Prozentsaz vun der Lettre clef, also den Dokteschtariffer, duerch de Conseil Superieur vun der Sécurité Sociale vun dräi Riichterinnen a Riichter soll getraff ginn, fënnt de Me. Prum net glécklech.
“Si mussen dann elo am Fong do d'Wourecht fannen, wou mir net eens gi sinn tëschent dem Null an dem Maximum, deen hei virgesinn ass. Dat ass schonn am System ganz extra virgesinn an dofir si mer och net zefridde mat deem System. An dofir féiert dee System de Moment zu Diskussiounen tëschent der AMMD op där enger Säit, an dem Ministère op där anerer Säit, fir deen virun allem mol ze changéieren.”
AMMD-President Chris Roller äussert sech - D'CNS net
Wärend de Plaidoyeren hunn net nëmmen d’Affekote geschwat. Och de President vun der AMMD, Chris Roller, huet d’Wuert ergraff a betount, datt sech dacks net un international medezinesch Richtlinne géif gehale ginn, well d’CNS géif refuséiere verschidden Akten zäitno an d’Nomenclature opzehuelen.
“Mir hunn elo eis Argumenter bruecht, déi mer jo och schonn an der Negociatioun zesumme mat der CNS bruecht hunn, och mat eise Juristen, de Maître Prum a Maître Wagner. A fir de Rescht musse mer dann eebe kucke wat d'Riichter dann decidéieren.”
De Carlo Ahlborn, Zänndokter a Vizepresident vun der AMMD, huet gesot, datt esouguer eng Eenegung an der Mëtt, also op 50 Prozent eng Zitat- "Strof" wier.
D’Krankekeess wollt sech nom Plaidoyer net weider äusseren.
A véier Wochen gëtt d’Urteel annoncéiert.