Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ursula von der Leyen setzt een Ultimatum

Nei EU-Kommissioun

Ursula von der Leyen setzt een Ultimatum

D’Ursula von der Leyen huet d’Staats- a Regierungscheffe vun den EU-Memberlänner schrëftlech opgefuerdert, bis den 30. August hir Kandidatinnen a Kandidate fir d‘Posten an der neier EU-Kommissioun ze designéieren. Dat deelt ee Spriecher vun der EU-Kommissioun zu Bréissel mat.

auto_stories

1 min

Ursula von der Leyen | © European Parliament
Foto: European Parliament

D’Ursula von der Leyen wëll déi Nominéiert da bis Mëtt September befroen, déi Kandidatinnen a Kandidaten, déi sech am Beschten eegenen, auswielen, an hir Tâchen definéieren.

Den 1.November soll déi nei Ekipp da mat hirer Aarbecht an der Kommissioun ufänke kënnen.