Radioen

On air

Notturno  |  Dweller - Hollow Feat. Field Guide, Georgia Harmer & Kris Ulrich

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ursula von der Leyen kritiséiert EU-Memberstaaten

PARITEIT AN DÄR NEIER EU-KOMMISSIOUN

Ursula von der Leyen kritiséiert EU-Memberstaaten

Et gett kee Plang B, wat d’Nominatioun vum Christophe Hansen als Lëtzebuerger Kandidat fir déi nei EU-Kommissioun ugeet. Dat huet de Premier de Mëttwoch de Mëtteg - och an deem Briefing fir d’Press nom Regierungsrot betount. D’Ursula von der Leyen hat de Mëttwoch Moien d’Memberlänner vun der EU kritiséiert, well déi allermeescht vun hinne Männer fir déi nächst Europäesch Kommissioun nominéiert hunn.

auto_stories

2 min

Ursula von der Leyen | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

Trotzdeem wier si weider determinéiert, sech fir d’Paritéit anzesetzen, sou d’Kommissiounspresidentin op enger Pressekonferenz.

Déi aktuell Kommissiouns-Cheffin ass am gaangen, hiert zweet Mandat ze preparéieren a virop hir Ekipp vu Kommissären a Kommissärinnen aus de 27 Länner zesummenzestellen. Si hat verschidde Länner gefrot, hire Choix ze iwwerdenken.

D’Fro, ob och Lëtzebuerg gefrot gouf, nach eng Kéier nozebesseren an awer eng Fra ze nominéieren, huet de Luc Frieden de Mëttwoch op gelooss.

"Selbstverständlech hu mir iwwert all d’Aspekter geschwat, net nëmmen de Fait, ob eng Fra oder ee Mann ass."

Ursula von der Leyen: "You have to ask for it."

De Luc Frieden huet och gesot, datt hien a seng Regierung d’Nominatioune vu verschiddene Fraen op EU-Spëtzeposten ënnerstëtzt haten an drop higewisen, datt een do dat méi breet Bild kucke misst.

D’Hallschent vun de Leit an der EU si Fraen, dat misst sech an der Kommissioun erëmspigelen, sou d'Ursula von der Leyen. Mee Paritéit wier hirer Experienz no näischt wat et op eng natierlech Aart a Weis géif ginn.

Et misst een dono froen. Dat hätt si gemaach, andeems si an hirem Bréif un d’Memberlänner op duebel Proposen - ee Mann an eng Fra - gepocht huet.

Hätt si net insistéiert, hätten um Enn 21 Länner Männer proposéiert: Elo wier een awer schonn op 10 Fraen an der Ekipp vun de 27 Membere vun där neier Kommissioun - si selwer inclus.

D'nächst Woch sollen d'Nimm vun den EU-Kommissäre genannt ginn

De Prozess wier nach net ofgeschloss, si hätt nach net all d’Kandidate gesinn, sou och nach d’Ursula von der Leyen.

Den Dënschdeg war bekanntlech de Lëtzebuerger Kandidat fir déi nei Kommissioun, de Christophe Hansen bei der Kommissiounspresidentin op Besuch. D’Ursula von der Leyen huet eisen Informatiounen no Wëlles, den nächste Mëttwoch d’Lëscht vun de Nimm mat de neien EU-Kommissären ze presentéieren.

Dono mussen sech déi eenzel Kandidaten a Kandidatinnen an enger Auditioun am Europaparlament den Europadeputéierte Ried an Äntwert stoen.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa