D’Europäesch Unioun géif d’Ukrain sou laang wéi néideg virun ënnerstëtzen, sou déi däitsch CDU-Politikerin an hirer leschter Ried zur Lag vun der Unioun vrun den Europawalen d’nächst Joer.
Si huet sech an där Ried dofir ausgeschwat, datt d’Europäesch Unioun erweidert gëtt. Eng Unioun mat 30 oder méi Membere kéint funktionéieren, et wier Zäit, genee ze préiwen, wéi dat kann ëmgesat ginn.
D’Presidentin vun der Kommissioun huet och een Appell fir eng méi kompetitiv EU gemaach. Si huet Schrëtt ugekënnegt fir géint eng onfair Konkurrenz aus China virzegoen. Enner anerem soll d’EU eng Enquête iwwert chineesesch Subside fir d’Autosindustrie lancéieren.
D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun huet awer net verroden, ob si no den Europawalen d‘nächst Joer, nach dobäi ass.