Radioen

On air

Moiesstudio  |  De Parquet wëllt an Zukunft anescht kommunizéieren

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ursula von der Leyen: Jiddescht Liewe muss besser protegéiert ginn

Noen Osten

Ursula von der Leyen: Jiddescht Liewe muss besser protegéiert ginn

Et wier net ze akzeptéieren, datt antisemittesch Virfäll an der EU zouhuelen, sot d‘Cheffin vun der EU-Kommissioun Ursula von der Leyen. Jiddescht Liewe misst an der EU besser protegéiert ginn.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

D’EU géing géint Haassmeldungen an Hetz am Internet virgoen an hätt an deem Zesummenhank eng Enquête iwwer de Kuerznoriichte-Portal X, fréier twitter, lancéiert. Et géifen och méi Moyenen zur Verfügung gestallt, fir Synagogen ze beschützen.

Wat déi humanitär Hëllef an der Gazasträif ugeet, géif d’EU eng Loftbréck fir an Ägypten organiséieren. Déi éischt zwee Volle wiere schonn des Woch, sou d’Ursula von der Leyen.

"Mir hunn eist Personal do hi geschéckt a mir schaffe mat der UNO fir ze assuréieren, datt dës Hëllef déi, déi an der Nout sinn, erreeche kann. D'Europäesch Unioun war ëmmer de gréissten internationalen Donateur fir Palestina. An dat wäert sech net änneren. Sou wéi d’Situatioun um Terrain awer evoluéiert, ass et essentiel datt mir onbedéngt a mat Virsiicht eis finanziell Hëllef fir Palestina iwwerpréiwen. EU-Suen si ni un Hamas oder eng terroristesch Organisatioun gaangen. An dat wäert och net geschéien."

Lauschterenplay_arrow