search

/ Ungarn wielt haut en neit Parlament

Orban vs Magyar

|
reading time

1 min

Ungarn wielt haut en neit Parlament

Et ass eng Richtungswal iwwer déi zukünfteg Ausriichtung vun Ungarn. Et ass ee Jo oder Nee zu der Europäescher Unioun. De Victor Orban wëllt méi no u Moskau a säi Géigner Magyar versprécht eng nei Partnerschaft mat der EU.

reading time

1 min

Den ungareschen Oppositiounsleader Peter Magyar vun der TISZA-Partei | © picture alliance / NurPhoto | STR
Den ungareschen Oppositiounsleader Peter Magyar vun der TISZA-Partei (Foto: picture alliance / NurPhoto | STR)

Dës Wale gëllen als déi wichtegst zënter der demokratescher Wende 1989 an 1990. D’Resultat entscheet doriwwer, ob de Victor Orban e weidert Mandat kritt oder seng Muecht verléiert.

Eng staark Oppositioun

Rezenten Ëmfroen no huet dem Victor Orban säi Géigner, de Peter Magyar, gutt Chancen op eng Reussite. De 45-Järegen ass ee fréieren Unhänger vum Victor Orban, huet awer demonstrativ mat him gebrach. Mat senger biergerlecher Tisza-Partei huet hien eng staark Oppositiounskraaft geschaf, déi scho vill u Beléiftheet gewonnen huet an eng politesch Kéier méiglech mécht.

Éischt Resultater fir de spéiden Owend

De Rietspopulist Victor Orban huet a senge 16 Joer Regierungsaarbecht een hallwe-autoritäre Staat opgebaut, säi Land op Konfrontatioun mat der EU bruecht a sech mat Russland an dem Donald Trump verbonnen.

Ronn aacht Millioune Bierger:inne si walberechtegt. D’Walbüroen hunn haut um Sonndegmoie sechs Auer opgemaach a gi réischt am Owend um siwen Auer zou. Et gi keng Héichrechnungen. Mat éischte partielle Resultater gëtt am spéiden Owend gerechent.