Dës Wale gëllen als déi wichtegst zënter der demokratescher Wende 1989 an 1990. D’Resultat entscheet doriwwer, ob de Victor Orban e weidert Mandat kritt oder seng Muecht verléiert.
Eng staark Oppositioun
Rezenten Ëmfroen no huet dem Victor Orban säi Géigner, de Peter Magyar, gutt Chancen op eng Reussite. De 45-Järegen ass ee fréieren Unhänger vum Victor Orban, huet awer demonstrativ mat him gebrach. Mat senger biergerlecher Tisza-Partei huet hien eng staark Oppositiounskraaft geschaf, déi scho vill u Beléiftheet gewonnen huet an eng politesch Kéier méiglech mécht.
Éischt Resultater fir de spéiden Owend
De Rietspopulist Victor Orban huet a senge 16 Joer Regierungsaarbecht een hallwe-autoritäre Staat opgebaut, säi Land op Konfrontatioun mat der EU bruecht a sech mat Russland an dem Donald Trump verbonnen.
Ronn aacht Millioune Bierger:inne si walberechtegt. D’Walbüroen hunn haut um Sonndegmoie sechs Auer opgemaach a gi réischt am Owend um siwen Auer zou. Et gi keng Héichrechnungen. Mat éischte partielle Resultater gëtt am spéiden Owend gerechent.