Hie wier vu sech, a mat staarkem Bluttverloscht an d‘Spidol bruecht ginn. Den Zarjow war laang Deputéierte fir déi russlandfrëndlech Partei vun de Regiounen am ukrainesche Parlament.
2014 hat hien esouguer fir de Presidenteposte kandidéiert, ass kuerz drop awer an d‘Ostukrain bei d‘Separatiste geflücht an huet zanterhier op der Krim gelieft, do huet hie säit dem Ufank vum Krich och mat de russesche Besatzer zesummegeschafft.
Wéinst Opriff de Staat ze stierzen a weidere Vergoen, huet e Geriicht zu Kiew den Oleg Zarjow d‘lescht Joer zu 12 Joer Prisong verurteelt.