Radioen

On air

De Weekend  |  Peter Bjorn And John - Young Folks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrainesche Premier fuerdert agefruere russesch Sue fir den Erëmopbau vun der Ukrain

Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg

Ukrainesche Premier fuerdert agefruere russesch Sue fir den Erëmopbau vun der Ukrain

All agefruere russesch Sue solle confisquéiert ginn an der Ukrain zeguttkommen. Dat ass d'Fuerderung vum ukrainesche Premier Deny Schmyhal, no enger Entrevue mam Luc Frieden. “D’Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg ass extrem wichteg fir eis”, esou den Denys Schmyhal zu Senneng.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den Denys Schmyhal, Premier vun der Ukrain an de Premier Luc Frieden (Foto: Serge Kesseler)

Bis elo hätt Lëtzebuerg 700 Milliounen Euro ausginn, fir d’Ukrain ze ënnerstëtzen, ënnersträicht de Luc Frieden.

"An dat wäert sou viru goen. D'Lëtzebuerger Regierung ass sech eens, datt d'Ukrain eise volle Support braucht."

Sue solle ganz confisquéiert ginn

Déi agefruere russesch Sue solle ganz confisquéiert ginn, an der Ukrain zu gutt kommen, fir ze hëllefen de Krich ze iwwerliewen a fir de Erëmopbau vum Land, fuerdert den ukrainesche Premier Denys Schmyhal. Eleng iwwer sechs Milliarde vun dëse Sue léichen hei am Land.

"'Éischten Donnéeën no, sinn iwwer sechs Milliarden Euro u russesche Fongen zu Lëtzebuerg gefruer. Eis Haaptfuerderung ass déi, datt dës Suen elo un d'Ukrain solle goen."

Verschäerft Exportkontrollen

Donieft huet den ukrainesche Regierungschef verlaangt, datt Russland vun alle Méiglechkeete soll ofgeschnidde ginn, fir säin aggressive Krich ze finanzéieren. 

"Mir brauchen ee komplette Stopp u russesche Liewensmëttelexporter an Europa. Mir brauchen en Embargo op russeschem Ueleg a Gas. D'Exportkontrolle musse verschäerft ginn, fir ze verhënneren, datt d'Sanktiounen ëmgaange ginn."

Dobäi géif een op d’Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg hoffen, esou den ukrainesche Regierungschef. Den Denys Schmyhal huet och de Grand-Duc gesinn, an hien huet mam Ausseminister Xavier Bettel ee Kooperatiounsaccord ënnerschriwwen, fir d’Duerchféierung vun engem Ënnerstëtzungsprogramm.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Krich an der Ukrain
Politik