Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesch Rakéitenattack am russesch besate Gebitt Cherson

Krich an der Ukrain

Ukrainesch Rakéitenattack am russesch besate Gebitt Cherson

Am russesch besaten Deel vum südukrainesche Gebitt Cherson sollen op d‘mannst néng Persoune bei enger ukrainescher Rakéitenattack ëm d‘Liewe komm sinn. Wéi russesch Staatsmedie mellen, hätte vu sechs Rakéiten der véier kënnen ofgefaange ginn. 

auto_stories

1 min

©  picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

Op Biller gesäit een en zerstéiert Gebai vum lokalen Aarbechtsamt. Déi Informatioune kënnen net onofhängeg iwwerpréift ginn. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet iwwerdeems gëschter de Chef vu senge militäresche Spezial-Asazkräften ersat. 

Et ass dëst schonn den zweete Wiessel op dëser Positioun zanter dem Ufank vum Krich am Februar 2022. De Kolonel Serhij Lupantschuk soll d‘Nofolleg vum Viktor Horenko untrieden. Dee kréich Spezialaufgaben am Militärgeheimdéngscht zougewisen, sou de Selenskyj. Den Horenko selwer sot an engem Interview, hie wier vu senger Ofsetzung aus de Medie gewuer ginn, d‘Grënn wieren him onbekannt.