Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesch Front ronderëm Donezk brécht zesummen

Krich an der Ukrain

Ukrainesch Front ronderëm Donezk brécht zesummen

Déi ukrainesch Arméi huet massiv Problemer an der Regioun Donezk, am Oste vum Land, confirméiert. D'Front wier zesummegebrach, esou een héije Militär an engem Videointerview.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon-PresidentialOfficeUkra | Presidential Office of Ukraine
En zerstéiert Wunngebai zu Donezk. (picture alliance / SvenSimon-PresidentialOfficeUkra | Presidential Office of Ukraine)

Déi russesch Truppe wiere schonn an d‘Stad Selydowe virgedrongen a géifen déi viraussiichtlech geschwënn erueweren, esou seng Prognos.

Um Dënschdegmëtteg huet de russesche Verdeedegungsministère d‘Anhuele vun der Stad gemellt. Grënn fir de Virmarsch vun de russeschen Truppe wieren ënnert anerem feelend Munitioun a Waffen op ukrainescher Säit, grad ewéi keen Ersatz fir d‘Zaldoten.

Déi russesch Truppe sinn zënter e bësse méi wéi engem Joer am Oste vun der Ukrain um Virmarsch. Si hu rezent do e puer méi kleng Stied eruewert.