Radioen

On air

Kultur um 5  |  Eng Tragedie an der Tragedie

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesch Arméi kann den Asaz vun nordkoreanesche Rakéiten net confirméieren

Russesch Arméi

Ukrainesch Arméi kann den Asaz vun nordkoreanesche Rakéiten net confirméieren

Déi ukrainesch Loftwaff kann den Ament net confirméieren, datt Russland nordkoreanesch Rakéiten am Krich an der Ukrain agesat huet, sou wéi d‘USA et behaapten. Dat huet e Spriecher vum Militär op der ukrainescher Tëlee matgedeelt.

auto_stories

1 min

Washington hat gëschter matgedeelt dat Pjöngjang ballistesch Rakéiten u Russland geliwwert hätt, déi géint d‘Ukrain agesat gi wieren. Experte géifen elo d‘Iwwerreschter vu Geschosser ënnersichen, fir méi Geneeës erauszefannen, huet déi ukrainesch Loftwaff matgedeelt. 

D‘Autoritéiten an der russescher Stad Belgorod proposéieren den Awunner d‘Plaz ze evakuéieren. Dat fir virun de Bombardementer ze flüchten. Zu Belgogrod géifen d‘Ukrainesch Loftattacken zouhuelen heescht et.