De Generol Kirillov war am Oktober vu London sanktionéiert ginn, well hie chemesch Waffen an der Ukrain soll agesat hunn. Hien ass deen héchste militäresche Responsablen, dee bis elo zanter dem Ufank vum Ukrainkrich ëmbruecht gouf.
Hien hat de Moien seng Wunneng zu Moskau verlooss wéi eng Bomm, déi an enger E-Trottinett verstoppt war, explodéiert ass. Mat him ass och säin Assistent ëm d‘Liewe komm.
Kiew huet gëschter den Igor Kirillov beschëllegt, mat den illegale chemesche Waffe Krichsverbrieche begaangen ze hunn.