Lëtzebuerg wäert och weider d’Ukrain ënnerstëtzen, dat souwuel finanziell, ewéi och militäresch, betount de Premier Luc Frieden. Déi humanitär Hëllef gëtt iwwert den Empfang vu Flüchtlingen hei am Land garantéiert, mee och an der Ukrain selwer.
D’Ukrain géif och d’Interessie vun den demokratesche Länner verdeedegen, esou de Premier Luc Frieden.
"D'Ukrain kämpft net nëmme fir sech selwer, d'Ukrain kämpft fir Prinzippien a Wäerter, déi eis sinn, an duerfir sinn déi Ënnerstëtzunge fir d'Ukrain, Ënnerstëtzunge fir eis Wäerter, fir eis Demokratie, fir eis Fräiheet, an déi ass eis extrem wichteg an duerfir muss een sech asetzen."
Doud vum Nawalny: Russeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg gouf abestallt
Et wier der Lëtzebuerger Regierung och wichteg, datt d’NATO an deem Kontext finanziell ënnerstëtzt gëtt. Et ass de Wëlle vun der ganzer Regierung, de Budget fir d’Defense mëttelfristeg op zwee Prozent vum RNB eropzesetzen. Ee Prozent kéinten et bis 2028 ginn, hat d’Ministerin Yuriko Backes no der Reunioun vun den NATO-Defenseministere lescht Woch präziséiert. Nach virum Summer géif een do ee Plang ausschaffen.
De Premier huet sech och schockéiert gewisen iwwert den Dout vum Kremlkritiker Alexei Nawalny.
"Mir fannen och, datt, et hei absolut noutwendeg ass, datt voll Transparenz geschafe gëtt, iwwert d'Ëmstänn vum Doud vum Alexei Nawalny an duerfir huet den Ausseminister och de russeschen Ambassadeur abestallt, fir him ze soen, datt d'Lëtzebuerger Regierung verlaangt, datt op eng transparent Aart a Weis matgedeelt gëtt, wat d'Ursaach vum Doud vum Här Nawalny ass."
Regierungsrot: Skepsis a Punkto Accueil vu Palästinenser aus der Gazasträif
Deen anere Konflikt, an deem de Grand-Duché engagéiert bleift, ass deen, deen duerch de Massaker vum 7. Oktober ausgeléist gouf tëscht Israel an der Hamas an der Gazasträif. De Regierungsrot ass skeptesch a Punkto Accueil vu Palästinenser aus der Gazasträif. Eng Rei Palästinenser aus dem Grand-Duché hate gefrot, iwwert de Regroupement familial Leit aus der Gazasträif kommen ze loossen, erkläert de Premier Luc Frieden.
"Leit aus där Regioun, déi zu Lëtzebuerg sinn, wann déi d’Konditiounen erfëllen, déi mir hu beim Regroupement familial, da kënnen déi selbstverständlech déi an Usproch huelen. Et gesäit awer dono aus, datt keng vun deene Persounen, vun deene mir bis elo héieren hunn, déi Konditioune vun der Familljenzusammenführung erfëllen. D'Krittäre vun der Familljenzusammenführung sinn déi vun de Kanner, den Elteren an dem Partner vun deem, deen d'Demande mécht."
Zanter dem Ufank vum Konflikt huet Lëtzebuerg 3,5 Milliounen Euro u Finanzhëllef an d’Regioun geschéckt.
D’Hëllef op der Plaz wier déi eenzeg richteg, betount de Luc Frieden. Et gëtt och gehofft, datt et net zu enger Buedemoffensiv vun Israel an der Regioun ëm Rafah kënnt.