Radioen

On air

Notturno  |  Chaild - Radio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Eenegung tëschent USA an Ukrain: Moskau waart op nächst Schrëtt vu Washington

Waffestëllstand vun 30 Deeg

No Eenegung tëschent USA an Ukrain: Moskau waart op nächst Schrëtt vu Washington

De Kreml huet um Mëttwochmoie matgedeelt, datt Russland drop géif waarden, vun den USA, iwwert de Waffestëllstand informéiert ze ginn. D'Ukrain huet eng Propose vun den USA acceptéiert fir e komplette Waffestëllstand vun 30 Deeg mat Russland. Dat gouf no de Gespréicher tëschent den USA an der Ukrain a Saudi-Arabien annoncéiert.

 

auto_stories

2 min

De Wolodymyr Selenskij mam Saudi-arabesche Prënz bei Friddensgespréicher den 10. Mäerz 2025. | © picture alliance / ROPI | POU
De Wolodymyr Selenskij mam Saudi-arabesche Prënz bei Friddensgespréicher den 10. Mäerz 2025. (Foto: picture alliance / ROPI | POU)

D‘USA sollen haut um Mëttwoch nach Kontakt mat Russland hunn iwwer d‘Propos fir ee Waffestëllstand vun 30 Deeg am russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain. Dat melle Medien mat Verweis op den US-Ausseminister Marco Rubio. De Ball géif elo bei Moskau leien, esou de Rubio weider.

D'Ukrain kann elo och nees op militäresch Hëllef vun den USA zielen. D'Suspensioun vun der US-militärescher Hëllef an de Geheimdéngscht-Informatioune fir d'Ukrain géif direkt nees opgehuewe ginn, huet et an enger gemeinsamer Deklaratioun no de Gespréicher a Saudi-Arabien geheescht. D'Ukrain wier och bereet, "esou séier wéi méiglech", den Accord mat den USA iwwer d'Exploitatioun vu Mineralien an der Ukrain ze finaliséieren, esou nach dës Deklaratioun.

Trump wëll nach dës Woch mam Putin schwätzen

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij, deen net bei de Gespréicher dobäi war, sot an engem Videomessage: D'USA missten elo Russland iwwerzeegen, de Waffestëllstand ze acceptéieren. Och den amerikanesche President Donald Trump huet zu Washington reagéiert. Hie wier elo bereet, de Wolodymyr Selenskij nees am Wäissen Haus ze empfänken. An hie géif geschwënn och mam russesche President Wladimir Putin schwätzen, warscheinlech nach dës Woch, esou den Donald Trump.

International Reaktioune

Nom Duerchbroch bei de Gespréicher a Saudi-Arabien gouf et direkt och international Reaktiounen. De franséische President Emmanuel Macron huet op X d'Propose' vun engem Waffestëllstand vun 30 Deeg begréisst a betount, de Ball léich elo ganz kloer bei Russland.

De brittesche Premier Keir Starmer huet vun engem "remarkabelen" Duerchbroch geschwat a Moskau opgeruff, e Waffestëllstand unzehuelen.

Och bei der EU gouf et positiv Reaktiounen. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an de Conseilspresident Antonio Costa hunn an engem Statement geschriwwen: Et wier eng positiv Entwécklung, déi ee Schrëtt kéint sinn, fir e gerechten a nohaltege Fridde fir d'Ukrain.

Weider Kämpf an der Regioun Kursk

An der Regioun Kursk gewannen déi russesch Truppe weider un Terrain. Aus dem Kreml heescht et um Mëttwochmoien, datt d‘Kämpf an der Regioun Kursk sech positiv fir Russland géifen entwéckelen, an datt déi ukrainesch Truppe géifen zeréckgedréckt ginn. Russesch Truppen hätte 5 Uertschaften an der Regioun ënner hir Kontroll bruecht. D‘Ukrain mellt 4 Doudeger an där Regioun.