Den UNO Generalsekretär huet déi entsetzlech Attacken denoncéiert. Et wier eng Violatioun vum ukrainesche Loftraum duerch Laangstreckerakéiten. Et war den Opruff u Russland mat deenen Operatiounen opzehalen.
160 Rakéiten an Drone wiere gezielt ginn, dovunner hätt den ukraineschen Ofwiersystem 88 Rakéiten a 27 Drone kënnen ofschéissen.
An dach goufe wichteg industriell, militäresch an zivil Infrastrukture beschiedegt.
Russland huet sengersäits gemellt, datt 13 ukrainesch Rakéiten iwwer der Regioun vu Belgorod konnten ofgeschoss ginn. Eng Persoun wier an engem Wunnhaus ëm d’Liewe komm.
D'Ukrain wëll méi Hëllef aus Amerika
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet d’USA dozou opgeruff, hir wesentlech Hëllef weider ze féieren. Eng Militärhëllef an Héicht vun 250 Milliounen Dollar gouf elo deblockéiert, mee de Kongress a virun allem d’Representantenhaus, dat vun de Republikaner dominéiert gëtt, refuséiert fir den Ament nach méi Hëllef ze accordéieren.
De brittesche Premier Rishi Sunak huet betount, datt déi massiv russesch Attack géing beweisen, datt de Wladimir Putin keng Limitten hätt. Frankräich condamnéiert eng Strategie vum Terror.
Den ungaresche Premier Viktor Orban huet awer sei VETO gesprach géint eng weider Hëllefs-Enveloppe vun der EU. Am Februar um EU-Sommet soll doriwwer diskutéiert ginn.