Radioen

On air

Mëttesrascht  |  James Blake - Thrown Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrain: Massiv Dronenattack am Hannerland

Keng Doudesaffer

Ukrain: Massiv Dronenattack am Hannerland

An der Ukrain huet eng massiv Dronenattack am Hannerland stattfonnt. Dat huet de President Wolodymyr Selenskyj de Moie gemellt.

auto_stories

1 min

Knapp 40 russesch Kampfdrone wieren op zéng Gebidder am Land geschoss ginn. Et hätt och Aschléi ginn. Nëmme ronn d‘Hallschent vun den Dronen hätte kënnen ofgefaange ginn.

Éischten Informatiounen no hätt et bei den Explosiounen awer keng Affer ginn.