Radioen

On air

Notturno  |  Minipli - Lynchian Movie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ueleg-Katastroph virun der Küst vun Tobago

Karibik

Ueleg-Katastroph virun der Küst vun Tobago

Virun der Karibikinsel Tobago ass e kilometerlaangen Ueleg-Teppech entdeckt ginn. De Premierminister vun Trinidad an Tobago, Keith Rowley, huet vun enger richteger Katastroph geschwat. 

auto_stories

1 min

De Pëtrol hätt schonn een Deel vun engem Riff virun der Küst vun der Stad Scarborough beschiedegt. De Pëtrol-Teppech wier bal 12 km laang. E soll aus engem Schëff ausgelaf sinn, dat accidentéiert ass. 

Et ass awer e ganz mysteriéise Virfall, well ni en Noutsignal vun iergendenger Crew komm wier. D‘Schëff wier an Zwëschenzäit fonnt ginn, mee et wier verlooss.