Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Kings Of Leon - Supersoaker

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA hu weider Sanktioune géingt Russland decidéiert

Ukrainkrich

USA hu weider Sanktioune géingt Russland decidéiert

D‘USA hu weider Sanktioune géint Moskau decidéiert fir Russland am Agressiounskrich géint d‘Ukrain ze schwächen. D‘Sanktioune viséieren ënner anerem de russeschen Energie-Secteur an den Export vu Réistoffer aus Russland, esou Washington.

auto_stories

1 min

Janet Yellen | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
Janet Yellen (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP)

Si sollen et méi schwéier maachen, Sanktiounen ze ëmgoen a weider international Geschäfter mat Russland ze maachen. Dofir gi weider russesch Verméigen an den USA agefruer.

No iwwer 20 Méint laang Krich an der Ukrain sot den ieweschten ukrainesche Kommandant Walerij Saluschnyj gëschter: De Krich wier den Ament an enger Sakgaass, weder d‘Ukrain nach Russland géife viru kommen, an dat géif virun allem Russland hëllefen, seng militäresch Verloschter nees auszegläichen.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet dës Aussoen a sengem Video-Message gëschter Owend net direkt kommentéiert. Hie sot awer op en Neits, hie wier zouversiichtlech, datt d‘Ukrain dee Krich wäert gewannen.