arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'USA gräife Pëtrolsschëff am persesch Golf un, dat hire Blockage wollt ëmgoen

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

D'USA gräife Pëtrolsschëff am persesch Golf un, dat hire Blockage wollt ëmgoen

D’US-Arméi huet eegenen Aussoen no op e Pëtrolsschëff geschoss, dat US-Blockad vun iraneschen Häfen an der Regioun vum persesche Golf op d’mannst véier Mol hätt wëllen ëmgoen. D’Schëff wier elo net méi ënnerwee a Richtung Iran.

reading time

1 min

© EPA/HALDEN KROG
(Foto: EPA/HALDEN KROG)

D’Huthi-Rebellen aus dem Jemen mellen iwwerdeems, datt si Rakéiten op d’saudi-arabesch Stad vun Dschaizan geschoss hunn. Zu der Attack op d’Stad am Südweste vu Saudi-Arabien wier et komm, nodeems d’Saudien en Hafen ugegraff hätten, deen ënner Kontroll vun den Huthi-Rebelle stoe soll.