D’Präishausse kënnt nodeems déi vum Iran ënnerstëtzt Huthi-Rebelle gëschter zwee saudi-arabesch Pëtrolsschëffer am Roude Mier ugegraff haten.
D’Rout Mier gëllt nieft der Hormus-Passage als eng wichteg Transportroute fir Pëtrol.
USA féieren Attacken am Iran weider
D’Hormuspassage bleift weider bal komplett zou wéinst der Gefor vun neien iraneschen Attacken op Schëffer.
Fir dës Attacken ze stoppen, hunn d’USA haut fir déi 13. Nuecht hannerteneen Ziler am Iran ugegraff.