Radioen

On air

Notturno  |  Jaunt - Holding On To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA bereet Ausstig aus fossillen Energië mat ze droen

COP28

USA bereet Ausstig aus fossillen Energië mat ze droen

Bei der Weltklimakonferenz zu Dubai fänkt haut déi lescht Woch un. Een Haaptzil vun de Verhandlungen ass et, an der Schlussdeklaratioun net just eng Reduktioun, mee e progressiven Ausstig aus de fossillen Energië festzehalen. 

auto_stories

1 min

COP28 | © picture alliance dpa Soeren Stache
Foto: picture alliance / dpa Soeren Stache

Deem entgéint stellt sech bis elo virun allem de grousse Pëtrols-Produzent Saudi-Arabien. Mee den Drock op d‘Länner, déi de Status-quo bei de fossillen Energien zum Deel wëllen erhalen, klëmmt. Dat nodeems d‘USA, weltwäit gréisste Pëtrolsproduzent, annoncéiert hunn, si wiere bereet, eng Ausstig aus de fossillen Energien am finalen Text mat ze droen.