Radioen

On air

Tockcity  |  John Carroll Kirby - The Whammy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-amerikanesche Verfassungsrechtler: D’USA sinn no un enger Verfassungkris

100 Deeg Donald Trump

US-amerikanesche Verfassungsrechtler: D’USA sinn no un enger Verfassungkris

No den éischten 100 Deeg vum Donald Trump senger zweeter Amtszäit wier d’Land an enger politescher a moralescher Kris, esou de Russell Miller, Verfassungsrechtler op der Washington and Lee Universitéit an den USA. Technesch gesi wieren d’USA senger Meenung no awer nach net an enger Verfassungskris.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

Den Donald Trump baussent dem Wäissen Haus | © picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP play_arrow
Den Donald Trump baussent dem Wäissen Haus (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP)

Lauschterenplay_arrow

Fir de Wëssenschaftler géif et réischt dann zu enger Verfassungskris kommen, wann den US-President sech net un eng geriichtlech Consigne hale géif. An deem Fall géif et nämlech zu enger Zerstéierung vum Rechtsstaat kommen, déi och déi konstitutionell Ënnerdeelung vun der Muecht géif ënnergruewen. Et wier een awer och net méi weit dovunner ewech, mengt Russel Miller.

Deportatioun ouni "due process"

De Fall vum Kilmar Abrego Garcia, dem 29-Järegen, deen "illegal" vun der Trump-Regierung an El Salvador deportéiert ginn ass, kéint déi Meenung awer hannerfroen.  De Supreme Court huet nämlech d’US-Regierung dozou opgefuerdert, säi Retour ze erméiglechen. Bis elo sëtzt de Kilmar Abrego Garcia awer ëmmer nach an El Salvador am Prisong.

“Ich will das nicht kleinreden, aber das ist auch juristisch etwas technisch. Der Supreme Court meinte nur, dass die Regierung sich Mühe geben muss, um das Opfer von diesen Prozess zurückzuholen. Und in diesem Sinn muss man rein juristisch-technisch sagen, dass es vielleicht noch zu beweisen ist, ob die Regierung wirklich das nicht befolgt, oder nicht. Das ist eine technische, juristische Entwicklung.”

De Russel Miller seet awer och, datt déi US-amerikanesch Regierung sech net un déi uerdnungsgemäss Prozesser hale géif, dee sougenannten “due process”. D'Geriichter stéingen elo ënnert groussem Drock.

D'Angscht ze schwätze wiisst

Et bräicht eng Iwwerzeegung vum amerikanesche Vollek an déi US-amerikanesch Verfassung, erkläert de Russel Miller. Sou laang déi besteet an een och dozou bereet wier, d’Politiker op demokratesch Manéier responsabel ze halen, géif et demokratesch Léisunge fir dës Kris ginn.

De Verfassungsrechtler géif awer och schonn Unzeeche vun autokrateschem Verhale bei der Regierung vum Donald Trump erkennen. D'Geriichter, d'Zivilgesellschaft, d’Medien an zënter neistem och elo d’Universitéiten: Si all stéingen ënner staarkem Drock vu Säite vun der momentaner Regierung. D’Fro wier elo, wéi ee sech dogéint wiert. Hie géif awer nach net wëlle vun enger Verfaassungskris schwätzen.

De Russell Miller mécht sech awer och trotz sengen dach moderaten Aussoen e bësse Suergen doriwwer, datt se him schuede kéinten. Mee hie gesäit sech net an der éischter Rei vun deenen, déi potentiell vu Reaktioune viséiert wieren, ënner anerem well hien op Däitsch schwätzt. Hie wéisst awer vun anere Rechts-Wëssenschaftler an den USA, déi just nach op Konferenze géife schwätzen, déi net ëffentlech sinn an iwwer déi net an de Medie geschwat géif ginn, esou nach de Verfassungsrechtler vun der Washington and Lee Universitéit an den USA.

Wéi US-amerikanesch Demokraten an Demokratinnen zu Lëtzebuerg den Ufank vun der Trump-Presidence gesinn

Lauschterenplay_arrow