Déi Visa-Annulatiounen hate bei internationale Studente fir vill Onrou gesuergt. Et ass net kloer, wéi vill vun hinnen d'Land scho verlooss hunn. D'Trump-Regierung hat eng haart Linn géint illegal agereest Migrante gefuer, mee rezent och Studente mat legalem Openthaltsstatus an de Fokus geholl.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ US-Regierung mécht Réckzéier wat d‘Annulatioun vun Honnerte Visae fir Studenten ugeet
New York Times a Politico mellen
US-Regierung mécht Réckzéier wat d‘Annulatioun vun Honnerte Visae fir Studenten ugeet
D‘US-Regierung wëllt elo awer d‘Annulatioun vun Honnerte Visae fir Studente virleefeg nees zeréckzéien. Wéi ënner anerem d‘New York Times a Politico, déi sech op Aussoe vum US-Justizministère beruffen, mellen, sollen déi geläschte Profiller nees reaktivéiert ginn, esou laang wéi een neie System fir d‘Iwwerpréiwen vu Visaen entwéckelt gëtt.
auto_stories
1 min

(Foto: Bigstock)