Een Transkript soll no enger juristescher Iwwerpréiwung verëffentlecht ginn, heescht et.
Den Howard Lutnick war fréier zu New York en Noper vum verurteelte Sexualstroftäter Jeffrey Epstein. Eegenen Aussoen no hätt hie schonn 2005 decidéiert, näischt méi mat him wëllen ze dinn ze hunn. Aus de verëffentlechten Epstein-Files geet awer ervir, datt hien och Joren duerno nach Kontakt mat him hat.