arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Arméi bombardéiert Rakéitestellungen am Iran

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

US-Arméi bombardéiert Rakéitestellungen am Iran

D’US-Arméi huet gëschter Owend, fir d’éischt zanter Enn Juli, nees Ziler am Iran ugegraff.

reading time

1 min

Archivfoto | © EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
Archivfoto (Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Op der Insel Larak wieren zwou Rakéitestellunge vun der iranescher Arméi an d’Viséier geholl ginn, huet et an amerikanesche Medie geheescht.

Dobäi koumen der iranescher Presseagence no zwou Persounen ëm d’Liewen an et goufen zwou weiderer verwonnt.

Revanche vum Iran

Déi iranesch Revolutiounsgarden, déi Revanche ugekënnegt haten, hunn an der Nuecht erkläert, US-Ziler a Jordanien attackéiert ze hunn. Déi jordanesch Arméi huet doropshi matgedeelt, dass aacht Rakéiten aus dem Iran ofgefaange gi wieren.

Am fréie Moien du wieren US-Positiounen an de Vereenegten Arabeschen Emirater attackéiert ginn.