Nach déi lescht Woch hat den EU-Baussebeoptraagten Borrell gesot, et hätt een net déi nämmlecht Informatiounen ewéi d’israeelesch Autoritéiten iwwer méiglech Liene vu Mataarbechter vun der UNO an der Gazasträif.
UNRWA confirméiert de Verdacht selwer
An der Tëschenzäit huet d’UNWRA selwer uginn, datt de Verdacht besteet, datt verschidde Kollaborateure bei den Attentater um 7. Oktober derbäi waren. Si goufen entlooss an d’Hëllefswierk huet eng intern Enquête annoncéiert.
De Wall Street Journal schwätzt dovun, datt 10 Prozent vun de ronn 12.000 Mataarbechter vum Hëllefswierk UNRWA an der Gazasträif a Verbindung mat der Hamas oder dem Islamisteschen Dschihad stinn. D’Zeitung berifft sech op een Dossier vum israelschen Geheimdéngscht.
D'Enquête muss direkt lancéiert ginn
Ee méi breeden Audit freet elo och d’Europäesch Kommissioun. Et soll och d’Kontroll vun der Agence iwwer hir Mataarbechter betreffen, sou gëscht den Eric Mamer, Spriecher vun der Kommissioun.
Bis Februar wiere keng Versemente vu Säite vun der EU geplangt. Et géif een d’Resultat vun der Enquête ofwaarden, ier weider Payementer gemaach ginn. Bis wéini déi Resultater virleien, konnt hien net soen.
"Wat kloer ass, dat et urgent ass, an dat d’Enquête direkt muss lancéiert ginn."
Et géif een awer dofir suergen, datt déi humanitär Hëllef weider an der Gazasträif ukënnt, sou de Kommissiounspriecher, ouni ze präziséieren, wéi eng aner Organisatiounen do a Fro kéimen.
USA a puer EU-Länner hunn d'Ënnerstëtzung gestoppt
Nieft den USA hunn och eng ganz Partie EU-Länner hir Ënnerstëtzung fir d’UNO Agence gestoppt, dorënner Däitschland, Éisträich, Frankräich, Italien an Holland.
Anerer wéi d’Belsch, Spuenien, Irland fuere viru mat de Finanzementer. Och Lëtzebuerg wëll d’Resultat vun der Enquête ofwaarden, sou gëschter den Ausseminister Xavier Bettel.