No massive Bombardementer, virun allem am Norde vun der Gazasträif huet Israel och eng Buedemoffensiv lancéiert. Déi israeelesch Arméi huet d‘Zuel vu Geiselen, déi vun der Hamas gefaange gehale ginn, aktualiséiert. Op d‘mannst 239 Geisel géife festgehale ginn.
Et lafe weider Efforten, fir méi humanitär Hëllef an d‘Gazasträif eranzeloossen. Den US President Joe Biden huet däitlech méi Hëllef gefuerdert an engem Telefonsgespréich mam israeelesche Premier Benjamin Netanjahu a mam ägyptesche President al-Sisi. Gëschter Owend wieren eng weider 23 Camione mat humanitärer Hëllef aus Ägypten an d‘Gazasträif gefuer, mellen israeelesch Medien.
Hëllefsorganisatiounen hu widderholl, datt dat bei Wäitem net duer géif goen, op d‘mannst 100 Camione pro Dag missten eragelooss ginn. Gëscht haten Dausende Palestinenser en humanitäert Lager vun der UNO gestiermt, d‘UNO warnt virun engem komplette Kollaps vun der ziviller Uerdnung an der Gazasträif.
Israel huet da weider Ziler an de Nopeschlänner Libanon a Syrien ugegraff. Der israeelescher Arméi no, wiere virdrun aus béide Länner Rakéiten op Israel geschoss ginn. Als Géigereaktioun hätt Israel duerno am Libanon Ziler vun der Hisbollah Miliz, an a Syrien Militärinfrastrukturen, ugegraff, sou e Spriecher vun der israeelescher Arméi.