Zu dësen Fësch gehéieren ënnert anerem Forellen an Éilen. D'Haaptursaache fir de Réckgang wier de Bau vu Staudämm, d‘Fragmentéierung vu Flëss, Verknaschtung, Iwwerfëschen an d‘klimabedéngt Verännerung vun den Ökosystemer.
Vill Zorte vun de betraffene Séisswaasserfësch sinn nämlech op laang, onënnerbrach Flossverbindungen ugewisen, ënnert anerem fir ze läichen. Wann déi Weeër ënnerbrach ginn, ginn d‘Bestänn dacks ganz séier erof. Zentral Léisung wier ënnert anerem een Ëmdenken am Gewässerschutz, esou de Rapport. Flëss missten zum Beispill als zesummenhängend Systemer, och iwwer Grenzen ewech ënnerhale ginn.