Radioen

On air

Notturno  |  Nicholas Krgovich - Bedlam

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNO: Eng Hongersnout kéint 40 Prozent vun de Palestinenser treffen

Noen Osten

UNO: Eng Hongersnout kéint 40 Prozent vun de Palestinenser treffen

40 Prozent vun de Mënschen an der Gazasträif sinn dem UNO-Palestinenserhëllefswierk no vun enger Hongersnout bedreet. All Dag wier e Kampf ëm d‘Iwwerliewen, fir Iessen a Waasser ze fannen, huet de Gaza-Direkter vum UNRWA op X geschriwwen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

40 Prozent vun der Populatioun wier bedreet. Déi eenzeg Hoffnung fir déi Leit wier, een humanitäre Waffestëllstand, fir datt Hëllefsgidder kéinten an d‘Gazasträif bruecht ginn.

Israel behaapt, genuch Hëllef an dat besatent Gebitt eranzeloossen, mee si géif net richteg vun der UNO verdeelt ginn. An déi islamistesch Hamas géif d‘Hëllefsliwwerunge fir eegen Zwecker contournéieren.

Israel entschëllegt sech fir doudeg Zivilisten

No de schwéieren Attacken an engem Flüchtlings-Quartier an der Gazasträif, bei deem op Hellegowend ronn 70 Mënschen ëm d‘Liewe komm waren, huet déi israeelesch Arméi sech elo entschëllegt. Si géif bedaueren, datt onbedeelegt Zivilisten zu Schued komm wieren, a si géif kucken, datt dat net méi géif virkommen, sou deen israeeleschen Arméisspriecher.