Radioen

On air

Thé Dansant  |  Joni Mitchell - You Turn Me On I'm A Radio (For The Roses Early Session)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNICEF Lëtzebuerg fuerdert fir méi géint Kanneraarmut ze maachen

Den Hallwer Néng

UNICEF Lëtzebuerg fuerdert fir méi géint Kanneraarmut ze maachen

Ronn 30.000 Kanner zu Lëtzebuerg liewen an Aarmut, dat geet aus dem neie Bilan Innocenti vun der UNICEF ervir. Wéi kënnt dës Zuel zu stan a wat kann dogéint ënnerholl ginn?

auto_stories

3 min

headphones

22 min

play_arrow
Foto: Jean Claude Majerus

Fir den Innocenti-Bilan gi vergläichbar Donnéeën aus de verschiddene Länner gesammelt a verglach. A Saache Kanneraarmut lant Lëtzebuerg op der 35. vun 39 Plazen, eng Zuel déi Suerge bereet.

24,5 Prozent vun de Kanner zu Lëtzebuerg si bedreet vun oder liewen an Aarmut, dat si ronn 30.000 Kanner. D’Responsabel vun der UNICEF Lëtzebuerg géife bedaueren, datt d’Bekämpfung vun der Kanneraarmut kee méi grousse Stellewäert an der Politik géif kréien. Am neie Koalitiounsaccord géif se mol net erwäänt ginn, just, datt een d’Aarmut generell bekämpfe wéilt. D’UNICEF fënnt allerdéngs, datt d’Kanneraarmut eng vun de Prioritéite vun der Regierung misst sinn.

D’Situatioun zu Lëtzebuerg ass schwiereg

13 Prozent vun der Kanner liewen eng laang Zäit an Aarmut. Dat wier dacks op sozial Hannergrënn zréckzeféieren, Kanner déi aarm opwuesse géifen a ville Fäll och aarm bleiwen, heescht et vun der UNICEF. Et wier schwéier, fir aus der Aarmut erauszekommen, an dowéinst misst een elo eppes ënnerhuelen. An zéng Joer wier et fir d’Kanner, déi haut vun Aarmut betraff sinn, schonns ze spéit, betounen d’Responsabel vun der Hëllefsorganisatioun.

Kanner géife quasi gestrooft ginn, well si net esou liewe kënnen ewéi déi aner. Wann een a schwierege Konditiounen opwiisst, wier et vill méi schwéier an zum Deel onméiglech, fir do erauszekommen. Zum Beispill hätt ee manner Zougrëff op Hëllef bei Hausaufgaben, net dat néidegt Material fir uerdentlech ze schaffen, oder och keng Plaz a kee richtegen Uert fir a Rou ze léieren. Do misst ee kucken, fir jidderengem déi nämmlecht Chancen a Méiglechkeeten ze bidden.

D’Politik hëlleft, mee et muss méi geschéien

D’Moyenne vum Revenu zu Lëtzebuerg wier enorm tückesch, well de PIB hei am Land enorm héich ass. Dat géif awer net bedeiten, datt jidderee räich ass. Mat engem Revenu médian vun 3.776 Euro pro Persoun pro Mount läit ee mat 2.660 Euro pro Persoun pro Mount ënnert der Aarmutsgrenz. Do wier et wichteg, datt d’Politik d’Leit ënnerstëtzt, déi op Hëllef ugewise sinn.

Do géifen et haut scho Mesurë ginn, déi den Taux vun der Kanneraarmut erofdrécken. Ouni staatlech Hëllef géing d’Aarmut ronn 28 Prozent treffen, do wier awer nach Loft no uewen. D’UNICEF als international Organisatioun kann d’Mesure vu Länner aus der ganzer Welt vergläichen, a weist am Innocenti-Rapport op kloer Recommandatiounen hin.

Et bréicht een en nationalen Aktiounsplang, fir kloer géint Kanneraarmut virzegoen. Dat wier 2021 scho virgeschloe ginn, an dat géif och schonn am Kader vun der europäescher Garantie existéieren. Dës Garantie bezitt sech op all méiglech Beräicher vum Alldag, wéi Educatioun, Gesondheet an en ugemoossene Wunnraum. Esou eng Strategie misst och zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn, mee dat géif net am neie Koalitiounsaccord erwäänt ginn.

D’Gesellschaft muss sech mat veränneren

Net just d’Politik, mee och d’Gesellschaft misst sech engagéieren, fir géint d’Kanneraarmut an hir Stigmatisatioun virzegoen. Et géif net duergoen, just op de Problem opmierksam ze maachen. D’UNICEF fuerdert Aktioun.

Et wier net einfach, sech als Erwuessenen anzegestoen, datt een trotz Aarbecht op Hëllef ugewisen ass, fir um Enn vum Mount fir sech a säi Kand suergen ze kënnen. Vill Leit géifen op Hëllefen, déi hinnen zoustinn, verzichten, heescht et vun der UNICEF. D’Sproochebarrière, Kommunikatiouns- a Mentalitéitsproblemer wieren och Facteuren, vun deenen een ewech wuesse misst.

De komplette Bilan vun Innocenti kann een op www.unicef.lu zesumme mat aneren Informatiounen zu der Kanneraarmut fannen.

Lauschterenplay_arrow