Dobäi gi jonke Meedercher, déi deels méi jonk wéi fënnef Joer sinn, hir weiblech Geschlechtsorganer deelweis oder ganz wechgeholl.
Dës Agrëffer féiere meeschtens zu liewenslaange gesondheetleche Komplikatiounen.
230 Millioune Fraen a Meedercher liewe weltwäit mat de Konsequenze vu Genitalverstümmlung.
Zënter 1990 gëtt géint déi Praxis opgekläert, duerch Kierzunge vun Hëllefsgelder gëtt de Kampf dogéint awer erschwéiert, esou d‘UNICEF.