arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump erkläert sech awer fir TV-Duell op ABC bereet

US-Walkampf

|
reading time

1 min

Trump erkläert sech awer fir TV-Duell op ABC bereet

Den Donald Trump an d'Kamala Harris wäerten elo awer den 10. September eng Televisiounsdebatt bei ABC maachen. Den Trump hätt fir deen Dag elo zougesot, huet d'Televisiounsstatioun matgedeelt.

reading time

1 min

An de leschten Deeg gouf et e gewëssen Hin an Hier. Deen ass och nach net eriwwer. Den Donald Trump huet nämlech proposéiert, am Ganzen nach dräi esou Debatten am September ze maachen.