Radioen

On air

Notturno  |  Lisa Berg - Hope

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump dierf a Maine net als US-President kandidéieren

Als zweeten US-Bundesstaat

Trump dierf a Maine net als US-President kandidéieren

Déi iewescht Wal-Autoritéit vum amerikanesche Bundesstaat Maine huet den Trump vun de Virwale vun de Republikaner ausgeschloss. Et ass domat den zweete Staat no Colorado, deen d’ Decisioun geholl huet, den Donald Trump vun de Presidentschaftswalen am November nächst Joer auszeschléissen. Ob et och dozou kënnt, ass awer nach net sécher.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy)

Dem Donald Trump säi Walkampfteam hunn direkt no der Annonce am Bundesstaat Maine, an der Nuecht eiser Zäit, reagéiert a gesot, si géife géint déi Decisioun virgoen. A Colorado ass dat scho geschitt an den Donald Trump selwer huet matdeele gelooss hie géif dat Iewescht Geriicht, de Supreme Court, mat der Fro saiséieren ob säin Numm effektiv ka vun de Wallëschte gestrach ginn.

Eventuelle Verstouss géint 14. Amendement

An enger Rei Staate wéi New York, Arizona an Texas sinn de Moment d’Autoritéiten och nach amgaang un enger entspriechender Decisioun ze schaffen. Dem Donald Trump gëtt do, grad wéi a Maine an a Colorado virgehäit géint de 14. Amendement vun der Verfassung verstouss ze hunn. Déi beseet, datt ee keen Deel vun der Regierung kéint ginn, wann ee bei engem Opstand géint déi amerikanesch Verfassung matgemaach oder en ënnerstëtzt hätt.

Hannergrond ass d’Roll vum Donald Trump beim Stuerm op de Kapitol de 6. Januar viru bal dräi Joer, wou fënnef Mënsche gestuerwe sinn. Den Donald Trump hätt seng Unhänger an enger Ried dozou opgestëppelt.

Pandoras-Box

Dowéinst wier seng Demande fir bei de Virwalen de 5. Mäerz d’nächst Joer deelzehuelen, ongülteg, sou d’Argumentatioun vun der demokratescher Staatssekretärin vu Maine, déi betount huet, datt nach ni ee Kandidat op där Grondlag ausgeschloss gouf.

De republikanesche Gouverneur vu Florida Ron DeSantis seet, datt een domat eng Pandoras-Box opgemaach hätt. Domat kéint een och géint de Joe Biden virgoen, wëll Mënschen illegal ënnert senger Präsidentschaft an d’Land komm wären.

Final Decisioun läit beim Supreme Court

Et ginn och Staaten, déi géint d’Klo gestëmmt hunn, ewéi Michigan a Minnesota. Si hu sech dogéint entscheet, eng Prozedur anzeleede fir den Donald Trump vun der Wallëscht ze sträichen.

Ob den Donald Trump also géint den Demokrat Joe Biden untriede kann, wäert aller Viraussiicht no vun enger finaler Decisioun vum Supreme Court ofhänken. Deen huet momentan eng konservativ Majoritéit, wat dem ëmstriddene fréiere President dierft an d’Kaarte spillen.

Lauschterenplay_arrow