arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Troye Sivan - "She's the Best"

Album vun der Woch

|
reading time

3 min

Troye Sivan - "She's the Best"

Mat sengem viregten Album “Something to Give Each Other” war dem australeschem Museker Troye Sivan e Wierk gelongen, op deem hien all seng musikalesch Motiver an Themen op de Punkt bruecht hat. Um Nofollger “She’s the Best” probéiert hie un deen Erfolleg unzeknäppen an sech weider ze entwéckelen.

reading time

3 min

Troye Sivan | © Amlal Sarah
Troye Sivan (Foto: Amlal Sarah)

Als Teenager huet dem Troye Sivan seng Karriär ugefaangen, mat Gesangsvideoen op YouTube. Mëttlerweil ass hien 31 Joer al an huet sech eng fest Plaz souwuel am Mainstream wéi och bei engem méi alternative Publikum gemaach. War seng éischt Plack “Blue Neighbourhood” vun 2015 nach bestëmmt vu mëlle Popsongs mat Electronica-Aflëss, sou huet seng Musek Stéck fir Stéck méi u Profil gewonnen. Hien séngt iwwer queer Léift, Sexualitéit an Identitéit. Seng 2023er Single “Rush” war eng hedonistesch Hymn an en Iwwerraschungserfolleg.

“She’s the Best”

Um neien Album “She’s the Best” gëtt et mat “Party” e Stéck, dat änlech Téin uschléit, grad esou effikass wéi direkt. Just den Iwwerraschungseffekt ass net méi grad esou grouss. Déi 12 Lidder kléngen dann och éischter wéi en éischten, virsichtege Schrëtt an eng nei Richtung. Den epeschen Elektropop ass weider präsent, an Titele wéi “Embarrassingly” oder “Cowboy” genee esou wéi d’Musek fir de Club (“Troye Meets World”, “Canada Dry”).

Nei ass éischter, wéi sech hei offensiv sexuell Referenzen a Verletzlechkeet begéinen. Säi leschten Album wier “hypersexuell” gewiescht, sot den Troye Sivan an engem Interview - wärend hien awer mat deem Album op Tour war - gounge seng Deeg dacks eleng am Hotel op en Enn. Mat där Dichotomie tëschent Verlaangen a Verlaangere setzt hien op “She’s the Best” ausernaner. 

Troye Sivan  | © Amlal Sarah
Troye Sivan (Foto: Amlal Sarah)

Doraus entsti Lidder wéi “Sex Star” oder “FF”, déi beim éischte Lauschtere ganz offensiv eriwwer kommen, an deenen et awer wéineger ëm de renge Pleséier geet, wéi ëm d’Intimitéit an d’Zweesamkeet déi doraus kann entstoen. E bësse wéi déi kanadesch Erfollegsserie “Hidden Rivalry” och déi explizitt Sexzeenen als Ophänker geholl huet, awer um Enn virun allem eng Libesgeschicht erzielt huet.

Obwuel de Wonsch no enger Partnerschaft thematesch am Mëttelpunkt steet, esou zelebréiert “She’s the Best” wéi den Titel et schonn undeit och d’Verbonnenheet, déi den Troye Sivan mat Frae fillt. Als Inspiratioun fir seng Texter nennt hien déi franséisch Schrëftstellerin an Nobelpräisdréierin Annie Ernaux. 

Charlie XCX a Lily-Rose Depp

Als musikalesch Gäscht sinn d’Charlie XCX (op der Single “She’s the Best”) an d’Lily-Rose Depp (“Lost Time”) derbäi, op “Party” gëtt d’Madonna gesampled, an d’Haaptroll am Video zu “She’s the Best” iwwerhëlt dem Troye Sivan seng Schauspillkolleegin Nicole Kidman. 2018 stounge si zesumme fir de Film “Boy Erased” virun der Kamera, an deem et ëm déi sougenannte Conversion Therapies an den USA geet. 

Et ass denkbar, dass “She’s the Best” fir den Troye Sivan éischter eng Tëschestatioun op sengem musikalesche Wee ass. D’Single mat hirem Spriechgesang, deen u “Walk on the Wild Side” erënnert oder de ganz grousse Bou, deen hien an “FF” schléit, maache virwëtzeg dorop, wéi de Wee weidergeet.

Claudine Muno