Zejoert goufen am Ganze ronn 25.000 Entréeë gezielt, deemools och schonn ee Rekord. Dëst Joer waren dann nach eemol gutt 4.000 Leit méi an de Stater Muséeën ënnerwee. Deelgeholl hu siwe Muséeën, déi mat verschiddenen Atelieren, Concerten an Ausstellunge bis 01:00 Auer an der Nuecht, fir de Public op haten.
Iwwer déi lescht Jore schonn hätt d'Nuecht vun de Muséeën ëmmer méi Succès, seet d’Coordinatrice Laura Zaccharia. Dësen Trend géif sech zënter der Covid-19 Pandemie ofzeechnen. D'Nuit des Musées war nämlech dat éischt grousst ëffentlecht Event no dem Confinement. Dat wier eng ganz extra Experienz gewiescht, déi sech vu Joer zu Joer confirméiert.
Iddi kënnt vu Berlin
D’Konzept kënnt ursprénglech aus Berlin, wou 1997 déi éischt “Lange Nacht der Museen” ofgehale gouf. Mëttlerweil hu vill europäesch Stied dëst Konzept iwwerholl.
Déi nächst Nuit des Musées ass fir den 9. Oktober 2027 geplangt. Fir een Erwuessene kascht een Entréesticket Stand haut 15 Euro. Mat dësem kënnt een de ganzen Owend an déi verschidde Muséeën uechtert Stad eran. Fir Leit tëschent 16 a 27 Joer läit den Tarif bei 7 Euro pro Persoun. Fir Jonker ënnert sechs Joer ass d'Entrée gratis.