Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz ugespaanter Relatioun: Positiv Gespréicher zum Theema Klima

USA a China

Trotz ugespaanter Relatioun: Positiv Gespréicher zum Theema Klima

D‘USA a China haten an de leschten Deeg Gespréicher a Kalifornien iwwer de Klima an dat mat positive Resultater iwwer déi bilateral Kooperatioun an d‘Aktiounen, déi am Kontext vum Klimawandel geholl solle ginn, hu béid Säiten duerno gemellt. Dat Ganzt war eng Preparatioun op d‘UNO Klimakonferenz, d‘Cop 28, déi Enn dës Mounts zu Dubai ass.

auto_stories

1 min

Schwiereg sinn awer déi diplomatesch Relatiounen tëscht béide Säiten. Virun allem beim Theema Taiwan, enger Insel, déi China nees wëll a säin Territoire aglidderen, a bei hirem jeeweilegen Afloss am Pazifik.

Déi militäresch Beweegunge vu China an dësem Mier géifen him Suerge maachen, huet de Kommandant vun den amerikaneschen Truppen am Pazifik, Charles Flynn, ënnerstrach. An de leschte Joren hätt Peking seng militäresch Capacitéiten däitlech ausgebaut a wier vill méi aggressiv a sengem Verhale ginn.

China huet déi gréisste Marinn op der Welt wat d‘Schëffer ubelaangt an huet och säin nuklearen Arsenal verstäerkt.