Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz Steierbedruch: Escher Schäffe Pim Knaff wëllt net zerécktrieden

Gemeng Esch

Trotz Steierbedruch: Escher Schäffe Pim Knaff wëllt net zerécktrieden

Den Escher DP-Schäffe Pim Knaff trëtt net zeréck. Dat confirméiert hie selwer an engem Communiqué. Do heescht et: Hie géif kéng politesch Konsequenzen aus senger Verurteelung wéinst Steierbedruch zéien. Dat wier e Comptabilitéitsfeeler gewiescht, fir den hie sech och géif entschëllegen, mee dee seng ëffentlech Ämter a kenger Aart a Weis géif betreffen. 

auto_stories

4 min

headphones

3 min

© Eric Ewald play_arrow
Foto: Eric Ewald

Den Escher DP-Schäffe Pim Knaff trëtt net vu sengem Schäffeposten zu Esch zeréck. Dat ass de Fazit vun enger Entrevue vum DP-Politiker gëschter Owend mat de Spriecher vun de Parteien, déi am Escher Gemengerot vertruede sinn. D'Oppositioun gëtt sech domadder net zefridden.

De Pim Knaff steet an der Kritik, well viru 6 Deeg bekannt gouf, datt hien am Abrëll schonn um Stater Geriicht wéinst schwéierem Steierbedruch zu enger Geldstrof vun 9.500 € verurteelt gouf.

De Pim Knaff selwer hat vun engem Feeler an der Comptabilitéit geschwatdeen him leed géif doen

Dat geet der LSAP an deene Lénke vun Esch net duer: Si fuerderen nämlech d'Demissioun vum Schäffen. Gëschter Owend hat deen d'Spriecher vun deene Parteien, déi am Gemengerot vun der Minettmetropol vertruede sinn, an d'Märei geruff. 

De Schäffen invitéiert, de Privatmann erkläert

D'Entrevue huet eppes méi wéi eng Stonn gedauert. Vill méi kuerz wéi dat hunn d’Vertrieder vun de Koalitiounspartner CSV an déi gréng gëschter Owend op Froe geäntwert. De Pascal Bermes vun der CSV huet erkläert, et hätt ee vun der Privatpersoun Pim Knaff Explikatioune kritt, an et géif een als CSV-Esch haut um Mëttwoch kommunikéieren. Dat iwwer de Buergermeeschter Christian Weis.

“Den Owend huet hien als Schäffe vläicht invitéiert, mee hien huet als Privatmann alles iwwer seng Affär kommunizéiert.”

Ganz anescht sinn d’Reaktioune bei de Kritiker vum Pim Knaff ausgefall. Deen hätt laang a breet säin Urteel erkläert, wat keng Iwwerraschung méi war, a permanent Saache relativéiert, esou de Steve Faltz vun der LSAP. Dat Ganzt wier fir d’DP e Feeler. Am Urteel stéing awer, datt déi Fraude fiscale aggravée wëssentlech geschitt wier. D’Condamnatioun vum Escher Schäffe wier e Fait an doduerch wier d’Vertrauen an d’Politik a Fro gestallt.

“De Moien hunn ech nach zwou Dammen nogelauschtert, déi gesot hunn: Firwat solle mir e Sonndeg wiele goen? Si maachen dach, wéi se wëllen. An déi Verdrossenheet ass geféierlech. An dofir ass déi Kommunikatioun vun der DP sou geféierlech, well déi Verdrossenheet gëtt doduerch just nach befeiert.”

De Pim Knaff hätt deemno ee Récktrëtt ausgeschloss an aus fräie Stécker gesot, datt hie bleiwe géif.

LSAP an déi Lénk: E Récktrëtt wier ubruecht

De Schäffe géif dat als Privataffär ugesinn, ouni ee Lien zur Politik. D’Escher LSAP geséich dat awer wéi déi Lénk, datt hie misst zerécktrieden.

Och de Marc Baum vun déi Lénk sot sech enttäuscht iwwer de Choix vum Pim Knaff fir net ze demissionéieren. Dat wier net am Interêt vun Esch a vum Schäfferot.

“Ech hoffe just, datt de Pim Knaff säi Choix nach eng Kéier iwwerdenkt, datt et och vläicht aner Leit ginn, déi hie vläicht anescht berode wéi déi Leit, déi hie bis elo beroden hunn. Dat do ass net gutt fir Esch.”

Et wier an der Reunioun ganz vill ëm d’Privatpersoun Pim Knaff gaangen, huet de Marc Baum erkläert.

“Ech mengen och, datt d’Privatpersoun sech ganz villes kéint erspueren, wa si elo head-up-high géif aus där ganzer Geschicht erausgoen an net déi heite Geschicht nach Wochen, Méint, voire Jore muss hanner sech schleefen.”

An den Ae vun déi Lénk hätt de politeschen Anstand et also gewollt, datt de Pim Knaff zeréckgetruede wier.

Eng nächst a vläicht virleefeg emol lescht Etapp kéint et dann haut um Mëttwoch mat der Kommunikatioun vun CSV an déi gréng vun Esch ginn.

Virun der Escher Märei hat de Kënschtlerkollektiv Richtung22 iwwregens gëschter Owend op “E Pim Tonic op d’Credibilitéit” invitéiert, fir deen awer net vill Leit bei d’Gemeng komm waren. De Pim Knaff selwer war iwwregens gëschter Owend net ze gesinn.

Lauschterenplay_arrow