Senger Meenung no misst et net vun Nodeel sinn, wa verschidde Parteisektiounen net méi misste betreit a finanzéiert ginn. Eleng dës Woch goufen et bei der Piratepartei mat der Morgan Engel vun Déifferdeng an der Tammy Broers vun Esch zwee weider Austrëtter vu Gemengeconseillèren.
Austrëtt vun der Tammy Broers: "Si mir net esou traureg driwwer"
Am Fall vun Esch hätt ee souwisou gewosst, datt d’Tammy Broers der Piratepartei géif de Réck dréien, seet de Marc Goergen.
"Mir sinn och do elo net esou traureg driwwer. Zu Déifferdeng huet et eis e bëssen iwwerrascht."
Wéinst der Kris vun der Partei wier ee sech bewosst, datt net jidderee bei der Staang géif bleiwen. Virun allem och wéinst de rezente schlechte Sondageresultater.
"Wou ee gesot kritt, null Sëtz. Dann ass dat natierlech einfach fir aner Parteien do Leit ofwerben ze goen."
Et wier och net auszeschléissen, datt weider Mandatairen d’Piratepartei kéinte verloossen, analyséiert de Coordinateur Marc Goergen.
"Mir hu jo een Daniel Frères, dee schonn ugekënnegt huet, eng Déiereschutzpartei eng Kéier opzemaachen. Dann hu mir nach ee Sven Clement, wou mir net wëssen, wat an Zukunft wäert geschéien. Dann hu mir nach dem Sven Clement seng Mamm zu Duelem als Conseillère. Dat heescht do ass schonn nach e bësse Beweegung, wou méiglech ass."
Nei Parteistatute sollen bis Enn dës Joers stoen
Wat huet de Marc Goergen selwer an Zukunft wëlles? Wäert hie sécher Member vun der Piratepartei bleiwen?
"Also ech bleiwe mol. An et ass och dat, wou ech gefrot gi si fir ze maachen. An ech wäert och déi Ekipp net am Stach loossen."
Dem Coordinateur an Deputéierte Marc Goergen no géif et d’Zil bleiwe fir de Januar 2025 startbereet ze sinn, mat neie Parteistatuten, déi an dëse Wochen op Workshoppe mat de Parteimemberen diskutéiert ginn.