Radioen

On air

Concert  |  Eng Konfrontatioun tëscht Harf an Orchester

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nom ville Reen: D‘Peegele vun de Flëss a Baachen am gaangen zeréck ze goen

Meteo

Nom ville Reen: D‘Peegele vun de Flëss a Baachen am gaangen zeréck ze goen

D’Waasserwirtschaftsamt huet elo déi rout Héichwaasser-Warnung opgehuewen. Nëmmen d‘Peegelen un der Sauer klammen nach weider liicht. Bei der Uelzecht gouf den Héchststand erreecht. Am Laf vum Dag geet och do d‘Héichwaasser zeréck.

auto_stories

3 min

© David/Adobe Stock
Archivfoto: David/Adobe Stock

D‘Iwwerschwemmunge ware manner schlëmm, wéi gefaart gi war. D‘côte d‘alerte gouf awer op véier Plazen iwwerschratt, zu Biissen, Miersch, Dikrech an Ettelbréck.
Aktuell gëllt d‘côte d‘alerte nach zu Miersch, Ettelbréck an Dikrech, an den nächste Stonne wäert d‘Cote d‘alerte och do rëm ënnerschratt ginn.

Orange Wiederwarnung war Donneschdeg moies erëm opgehuewe ginn

D‘Rettungsservicer goufen hënt 5 Mol geruff wéinst Kelleren, déi iwwerschwemmt waren, a weider 4 Mol wéinst Beem, déi ëmgefall sinn. Dat ass den Tëschebilan vun den Asätz vun hënt, deelt de CGIDS matdeelt.

Nom ville Reen e Mëttwoch an an der Nuecht op en Donneschdeg gouf déi orange Wiederwarnung wéinst Reen de Moien nees opgehuewen. Et goufe bis elo och keng gréisser Iwwerschwemmungen oder Problemer. De CGDIS mellt an engem virleefege Bilan 5 iwwerschwemmte Kelleren a véier Beem, déi ëmgefall, oder Äscht, déi erofgefall sinn.

Waasserwirtschaftsamt: Alerte rouge war berechtegt

D’Waasserwirtschaftsamt hat am Virfeld virun Iwwerschwemmunge ronderëm d’Flëss gewarnt, virun allem am Norden an am Westen.

Den Olivier Jeitz vum Waasserwirtschaftsamt huet am 100,7-Interview och confirméiert, datt déi Géigenden am meeschte betraff waren, wat dann och mat hire Prognosen iwwereneegestëmmt huet. Un der Atert zu Biissen, der Uelzecht zu Miersch an zu Ettelbréck, souwéi un der Sauer zu Dikrech gouf d’Cote d’alerte eiwwerschratt, awer net vill. 

Et ginn also lokal kleng Iwwerschwemmungen, mee de Pic wäert an den nächste Stonnen erreecht ginn, sou datt d’Peegelen dono nees erof ginn. Et hätt sech ëm een 2-järegt bis 5-järegt Héichwaasser gehandelt. Een typescht Wanterhéichwaasser also.

D’alerte rouge vun e Mëttwoch – déi héchste Warnstuf – wier awerberechtegt gewiescht, esou den Olivier Jeitz. Dat, well awer am ganze 4 Peegelen d’côte d’alerte iwwerschratt haten. Den Androck, datt een nom Héichwaasser vun 2021 méi séier a méi héich Warnunge géif erausginn, géif awer täuschen, esou den Olivier Jeitz.

Déi rout Héichwaasserwarnung wäert am Laf vum Dag opgehuewe ginn, sou d‘Waasserwirtschaftsamt.

Lauschterenplay_arrow

MeteoLux: Prognosen hu gestëmmt

All alertë sinn den Donneschdeg de Moien dann och opgehuewen, wéi de Luca Mathias vu MeteoLux am 100,7-Interview confirméiert huet. Dorënner also och d’Alerte orange wéinst staarkem Reen.

Bis Mëtternuecht haut um Donneschdeg gëtt nach plazeweis mat 10 Liter Reen op de Meterkaree gerechent.

Vun de Reequantitéiten hier ass dann och dat agetraff, wat MeteoLux virausgesot hat. D’Previsiounen hate vu maximal 70 Liter op de Meterkaree geschwat. An effektiv weisen d’Statiounen, datt tëschent 40 a 60 Liter op de Quadratmeter erofkomm sinn, am Nordweste vum Land esouguer deels 70 Liter, esou de Luca Mathias.

Muer um Freideg wäert et dann dréche bleiwen. E Samschdeg gëtt mat liichtem Ree gerechent, ier et sonndes nees méi dréche gëtt.