search

/ Trump gëtt Shutdown d'Schold u Walvictoirë vun Demokraten

USA

|
headphones

1 min

Trump gëtt Shutdown d'Schold u Walvictoirë vun Demokraten

Den aktuelle Shutdown, wéinst deem d'Regierungsgeschäfter deelweis gestoppt goufen, wier ee vun de Grënn, firwat d'Republikaner net besser ofgeschnidden hunn. Dat huet den US-President op senger Plattform Truth als eng éischt Reaktioun op den Demokraten hir Walvictoirë geschriwwen.

headphones

1 min

© EPA/GRAEME SLOAN / POOL
(Foto: EPA/GRAEME SLOAN / POOL)

Et ass net den éischte Shutdown an den USA, mee et ass elo dee längste jeemools. Haut um Mëttwoch an der Nuecht huet dee 36. Dag vun dësem Shutdown also dem Blockage vum Budget ugefaangen. Dat ass en neie Rekord, dee viregte Rekord vun 2019, louch bei 35 Deeg.

New York

Zu New York huet den Demokrat Zohran Mamdani d‘Buergermeeschterwal op dësem Mëttwoch gewonnen. Hie beschreift sech selwer als demokratesche Sozialist an huet dem President Donald Trump de Kampf ugesot. 

Virginia an New Jersey

Mee net just zu New York gouf et eng Victoire fir d'Demokraten. Och bei de Gouverneurswalen an de Staate Virginia an New Jersey hunn d'Demokrate gewonnen. Am New Jersey gouf d'Mikie Sherrill als Gouverneurin gewielt, an am Staat Virginia huet d‘Abigail Spanberger gewonnen.

Kalifornien

Och a Kalifornie gouf et eng Victoire fir d'Demokraten. Den demokratesche Gouverneur Gavin Newsom hat d'Populatioun doriwwer ofstëmme gelooss, fir d'Kaart vun de kalifornesche Walbezierker nei ze zeechnen. Dës Ännerunge goufen ugeholl. Dat kéint den Demokrate bei de Representantenthaus-Walen d‘nächst Joer méi Sëtz bréngen.

Allerdéngs lafen a verschiddenen aneren US-Staaten änlech Efforte vum President Donald Trump, deen do Walbezierk-Ännerungen en faveur vun de Republikaner wëllt duerchsetzen.