Déi dräi Partner wéilten awer esou séier wéi méiglech zu engem Accord kommen, esou de Premier op der Pressekonferenz nom éischten Dag. Hien huet och annoncéiert, datt et muer ënner anerem ëm de soziale Mindestloun soll goen - wat eng kloer Fuerderung war vun de Gewerkschaften.
Weider wéilt een och iwwer déi héich Chômagezuelen am Land schwätzen, d'Logementsproblematik, grad wéi den Impakt vun den Energie- an Düngerpräisser op d'Landwirtschaft. D'Regierung selwer hätt an der Verhandlungsronn eng Rei Propose gemaach, esou de Premier, ouni awer konkret Detailer ze nennen.
D'Regierung hätt och keng fix Enveloppe virgesinn, fir eventuell Mesuren ze finanzéieren. Gesond Staatsfinanze missten awer d'Prioritéit bleiwen, esou de Premier.
Et hätt een esou gutt diskutéiert, wéi an de leschten zwee an halleft Joer net méi, esou den LCGB-President Patrick Dury.