De Lëtzebuerg Ausseminister Jean Asselborn war beim Treffen zu Kiew derbäi. Hie géif de Mëtteg Detailer op enger Pressekonferenz ginn, heescht et an engem Communiqué.
Vu Moskau huet et geheescht de westleche Support fir d‘Ukrain géif zergrimmelen. An den USA sinn am neien Iwwergangsbudget keng nei Hëllefe fir d‘Ukrain virgesinn, déi mussen elo an engem separate Gesetzprojet geneemegt ginn.
An der Slowakei gouf de pro-russesche fréiere Premier Robert Fico no senger Victoire bei de Parlamentswale mat der Formatioun vun enger neier Regierung beoptraagt. Wann him dat geléngt wëll hien d‘Militär-Hëllef vun der Slowakei fir d‘Ukrain stoppen.